Wikipedia:Läschen

Vu Wikipedia

Dës Säit soll Iech eng Méiglechkeet gi fir d'Säiten, déi solle geläscht ginn, erëmzefannen a wann néideg driwwer ze diskutéieren op d'Läsche wierklech ubruecht ass.

Am Fall wou eng Säit carrement nëmmen eng Übung vun engem Ufänger ass oder Affer vu Vandalismus gouf, sou kann all Benotzer de komplette Contenu läschen an als Commentaire "Säit soll geläscht ginn" hannerloossen (Beispiller an eisem Schmunzeleck).

D'Schabloun:Läschen setzt den Artikel automatesch an d'Kategorie:Läschen.

Kuckt wgl. virum Proposéieren a virum Ofstëmmen d'Relevancritèren un.

Ofgestëmmt kann eng Woch laang no der Läsch-Propose ginn:

  • Pro fir d'Läschen
  • Kontra géint d'Läschen

Matstëmme kënnen all ugemellt Benotzer, déi scho virun der Läschdemande aktiv waren (aktiv bedeit datt een op d'mannst 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg, oder 50 Ännerungen am Ganzen, op Artikelen vun dëser Wiki gemaach huet).



> > Archivéiert Diskussioune fannt Dir am Archiv 2008/2009 an am Archiv vun de Joren duerno iwwer d'Läsche vun Artikelen. < <



  • Pro idem --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 19. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]
  • <?> Hei hu mer en eppes spezielle Fall: En Nach-net-Buergermeeschter: Wann haut fest steet (sou verstinn ech dat op d'mannst) dass de Buergermeeschterposten tëscht zwou Koalitiounsparteie gedeelt gëtt, an se sech eens sinn, wéini wien 'drun' ass, ass dat fir mech 'stabil' genuch, dass de Relevanzcritère 'Buergermeeschter' hei ugewandt géif. Ech verstinn awer och d'Argument, einfach emol ofzewaarden, bis dat souwäit ass (dh an zwee Joer). --Zinneke (Diskussioun) 06:30, 20. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]
Fir mech e valabelt Argument, wann déi zwee Joer wéi erwaart oflafen. Ech sinn am Prinzip géint d'Zukunftsmusek well mer schonn ze dacks hu misse Saachen ännere goen, mengen awer och datt mer hei nuancéiere kënnen. Wéi d'Läschschabloun an den Artikel gesat gouf, war (wéinsten am Wikiartikel) d'Informatioun, iwwer d'Buergermeeschterei net do. --Les Meloures (Diskussioun) 07:21, 20. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]

Guy Diederich

Fazit: gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 10:59, 7. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Perséinlech géif ech léiwer dës behalen an déi aner läschen (cf: Weechdéieren) --Les Meloures (Diskussioun) 10:05, 18. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Dat géif natierlech och goen!--Bdx (Diskussioun) 10:08, 18. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Ech bauen dat da mol ëm. --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 21. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Merci!--Bdx (Diskussioun) 13:00, 23. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
  • Deen Artikel hunn ech viru méi wéi 13 Joer zwar selwer geschriwwen, mee wann ech mir en elo ukucken, dann huet e guer keng Relevanz. Et war just eng Campagne, déi jiddweree scho laang vergiess huet, an déi och kee kulturellen Impakt hat. --Bdx (Diskussioun) 16:03, 25. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
  • Kontra Den Artikel weist eng op eng Campagne hin, déi séngerzäit fir Lëtzebuerg "Reklamm" gemaach huet. Firwat dat net als Zäitdokument an Erënnerung halen? D'Filmercher sinn och nach op YouTube ze gesinn. GilPe (Diskussioun) 08:53, 26. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Gouf op Ernierung geréckelt --Les Meloures (Diskussioun) 10:57, 7. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Super, merci.--Bdx (Diskussioun) 11:49, 7. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Misch Strotz

Kachkéis Kultur

Grond deen ugi gouf: : minimalistesch a keng Relevanz + Eegepromotioun.

Fazit: gouf geläscht.

Kategorie:Filmer vu koreanesche Regisseuren

Ech proposéieren dës Kategorie ze läschen. Grond: D'Kategorie gëtt aktuell net benotzt an ech gesinn net, fir wat se gutt soll sinn, well een no Nord- a Südkorea ënnerscheede sollt. --Volvox (Diskussioun) 23:51, 24. Dez. 2023 (UTC)[äntweren]

  • Aktiounen an deem Zezummenhank bis elo:
  1. Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:50DE:DBBC:AEF2:1433 mat der Begrënnung: Redirect deen op falsch Artikele verweist.
Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: net op der Säit 'Wikipedia:Läschen' begrënnt
  1. Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:50DE:DBBC:AEF2:1433 mat der Begrënnung: Dëse Redirect verweist op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn
Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: net op der Säit 'Wikipedia:Läschen' begrënnt
  1. Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:F998:E9C:62AF:C192 mat der Bemierkung: Dëse Redirect verweist op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn
Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: Vandalismus vun enger onbekannter IP déi d'Reegelen net respektéiert
  • Pro Sinn och der Meenung datt Redirecten net op falsch Artikele sollen hiweisen. --Puscas (Diskussioun) 09:36, 14. Mee 2024 (UTC)[äntweren]
  • Kontra D'Säit Longen huet op den Artikel Long virugeleet, deen d'Organ beschreift, wat meeschtens zweefach virläit an dofir gär an der Méizuel ugeschwat gëtt. Dohier verstinn ech net, awéiwäit de Redirect op „falsch Artikele verweist“ oder „op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn“. Et kéint een a mengen Aen héchstens argumentéieren, datt een am Prinzip kee Redirect vun der Méizuel aus mécht, mee hei kann ee mengetweegen eng Ausnam maachen, well – wéi uewe geschriwwen – meeschtens vun de Longen an der Méizuel rieds ass an ech mer denke kann, datt de potenzielle Lieser dohier och éischter „Longen“ antippt wéi „Long“. --Volvox (Diskussioun) 19:42, 14. Mee 2024 (UTC)[äntweren]
  • Kontra Wa "Longen" op "Long" verweist (well een dat Organ am Pluriel an am Sigulier lemmatiséiere kann, a "Long" méi geleefeg ass, dofir net deen anere Wee) hunn ech kee Probleem domat.--Zinneke (Diskussioun) 20:24, 14. Mee 2024 (UTC)[äntweren]