Valkenburg aan de Geul

Vu Wikipedia
Valkenburg aan de Geul
Land Holland
Provënz Limburg
Awunner 16.365 (1. Januar 2021)
Fläch 36,91 km²
Koordinaten 50°51'51,998"N, 5°49'50,002"O
Telefonszon 043
Websäit https://valkenburg.nl


Valkenburg aan de Geul ass eng Gemeng am Südoste vun Holland an der Provënz Limburg mat ronn 16.000 Awunner (2023). D'Gemeng Valkenburg besteet aus den Uertschaften Valkenburg, Berg en Terblijt, Geulhem, Houthem, IJzeren, Oud-Valkenburg, Schin op Geul, Sibbe, Vilt, Walem.

D'Gemeng läit am Dall vun der Geul an op de Koppe ronderëm verspreet. Duech seng Lag an der eenzeger koppeger Géigend vun Holland, an duerch d'Bëscher déi ronderëm leien war Valkenburg an de 70er an 80er Jore vum Massentourismus iwwerlaaf, dee vun de ville Campingen a Jugendinstallatioune profitéiert huet.

Der Gemeng hiert Zil ass awer fir méi a Richtung vun der Erhuelung ze schaffen a senge Visiteuren, roueg Fräizätaktivitéieten, wéi Vëlostier (haaptsächlech Mountainbike), an Trëppeltier an de Bëscher unzebidden.

D'Gemeng rechent all Joer mé wéi eng Millioun Iwwernuechtungen zesummen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Sint-Gerlachus Kapell zu Houthem. Et ass dat eenzegt reliéist Gebai a ganz Holland mat Fresken déi op Mergel gemoolt sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Valkenburg aan de Geul – Biller, Videoen oder Audiodateien