Vëlospist PC27
Alternativen Numm | Itinéraire cyclable Kiischtendall |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Kiischtendallspist |
Status |
am Gebrauch, geplangte Bau |
vu(n) | Polvermillen |
op | Stadbriedemes |
Land | Lëtzebuerg |
OpenStreetMap | Vëlospist PC27 |
D'Vëlospist PC27 (och nach Kiischtendallspist, Itinéraire cyclable Kiischtendall[1]), ass eng vun de 40 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[2].
Streck[änneren | Quelltext änneren]
D'Vëlospist PC27 féiert, wa se bis fäerdeg ass, vun der Polvermillen an der Stad Lëtzebuerg duerch den Hammer Dällchen op de Pôle d'échanges Zens-Hamm, dann duerch de Scheedbësch op d'Gare vu Sandweiler-Conter, d'Industriezon Conter/Weiergewan, iwwer Mutfert a Bous bis op Stadbriedemes.
Vum CR234 aus ginn zwou Antenne fort: d'PC27a an nordëstlecher Richtung op Sandweiler an d'PC27b a südwestlecher Richtung op Sandweiler-Gare.
Bis ewell besti just follgend Deelstécker dovun(Stand: Juni 2024):
- ronn 400 m ronderëm d'Gare Zens-Hamm
- 815 m vun der Gare Zens-Hamm laanscht d'Eisebunnsstreck, bis an d'Rue Mac Adam[3]
- vun der Rue Mac Adam ënnert der A1 erduerch, duerch eng autofräi Strooss (Val du Scheid) nërdlech laanscht den Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm, bis bei d'Kräizung mam CR159 um Scheedhaff[4]
- ëstlech laanscht den CR234, vun der Kräizung déi op Sandweiler-Gare féiert bis op de Rond-point bei der Allée Klaus-Michael Kühne (ca. 1,4 km)
Uschlëss un aner Pisten[änneren | Quelltext änneren]
D'Vëlospist PC27 huet oder kritt ënnerwee Uschlëss un:
- PC15 op der Polvermillen
- PC2a um Pôle d'échanges Zens-Hamm
- PC11b vun der Industriezon Conter/Weiergewan op Conter a weider op d'PC11 tëscht Alzeng an Haassel
- PC3 zu Stadbriedemes
Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]
Biller[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Vëlospist PC27 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Iwwersiichtkaart (2024) mat de Vëlospisten (PDF), op der Websäit vu Luxembourg for Tourism (visitluxembourg.com)
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ esou genannt am Artikel 4 vum Gesetz vum 28. Abrëll 2015; mat der Ännerung vum 20. Dezember 2019 ass déi Bezeechnung ewech gefall an d'Vëlospist gëtt just nach mat der Nummer ernimmt.
- ↑ Loi modifiée du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2024
- ↑ (fr)Inauguration d'un nouveau tronçon de la piste cyclable PC27. gouvernement.lu (2024-03-06). Gekuckt de(n) 2024-06-04.
- ↑ " PC 27: Der Radweg zwischen Pulvermühle und Contern kommt nur schleppend voran." wort.lu [w+], 2023-03-15.