Op den Inhalt sprangen

Robert Da Grava

Vu Wikipedia
Robert Da Grava
Gebuer 17. August 1944
Gestuerwen 16. Juli 2016
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

De Robert Da Grava, gebuer de 17. August 1944, a gestuerwen de 16. Juli 2016, war e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.[1]

Ënner anerem war de Robert Da Grava (genannt "Fino" Da Grava) vun 1980-1984 Trainer beim FC Blo-Wäiss Izeg.

An der Mëtt vun der Saison 1979/80 huet de Robert Da Grava zu Izeg d'Trainerbänk vum Mario Morocutti, dee verletzungsbedéngt (Meniskusschued) ausgefall ass, iwwerholl. D'1.Ekipp kënnt déi Saison net iwwer déi zweetlescht Plaz eraus a muss dat Joer drop nees an der 3.Divisioun untrieden.

Zesumme mam Robert Da Grava geléngt den Izeger awer nees 1980/81 de Retour an d'2. Divisioun wou si dann och bis 1984/85 gespillt hunn.

Tëscht dem 7. Oktober 1972 am 16. Oktober 1976 huet de Robert Da Grava 14-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Robert Da Grava op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Robert Da Grava op der Websäit vun European Football