Op den Inhalt sprangen

Pierre Kirsch

Vu Wikipedia
Pierre Kirsch
Gebuer 18. Dezember 1832
Wickreng
Gestuerwen 29. Juli 1911
Fluessweiler
Aktivitéit Politiker

De Pierre Kirsch, gebuer den 18. Dezember 1832 zu Wickreng a gestuerwen den 29. Juli 1911 zu Fluessweiler, war e lëtzebuergesche Politiker.[1]

Hie war 50 Joer Buergermeeschter vun der Gemeng Reckeng op der Mess.[1]

Hie gouf den 12. Januar 1875 noum Doud vum Nottär an Deputéierte Victor Wolff als Vertrieder vum Kanton Esch-Uelzecht als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Hie gouf bei de Wale vun 1878, 1884 an 1890 jeeweils erëmgewielt.[1]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Kuerz Biographie an Doudesannonce vum Pierre Kirsch am Luxemburger Wort vum 31. Juli 1911
  2. Memorial N°9 vun 1888 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen.