Musée-Bus

Vu Wikipedia

De Musée-Bus, och nach "Musée-Bus 2000" genannt, ass den éischte[1] Bus vum Naturmusée an ass zanter dem Mee 1994 am Asaz.

De Bus gëtt am Kader vun dezentralen Aktivitéite vum Service éducatif vum Naturmusée an enker Zesummenaarbecht mat dem Ëmwelt- an Tourismusministère, de Gemengen an den nationalen Naturschutzorganisatiounen, bedriwwen.

Dëse "mobillen Naturmusée" ass u sech kee richtege Bus, mä e Camion, deem seng Këscht automatesch ausernee gezu ka ginn, wouduerch e Raum entsteet mat enger Fläch vu 50 m2, deen als Atelier, als Labo oder fir Konferenzen oder Ausstellungen ka benotzt ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Galileo Science Mobil ass deen zweete Bus vum Naturmusée an ass zanter dem Februar 2002 am Asaz.