Op den Inhalt sprangen

Mister Science

Vu Wikipedia
Déi al Sandweiler Gare

De Mister Science ass e Personnage deen 2009 vum Fonds national de la recherche an d'Liewe geruff gouf, fir d'Wëssenschaften an d'Lëtzebuerger Fuerschung an de Medie méi populär ze maachen. Op der Tëlee souwéi um Radio gëtt hie vum Diplom-Cheemiker Joseph Rodesch verkierpert.

Den Tëlee- a Radiostudio vum Mister Science ass an der aler Sandweiler Gare.

Medienoptrëtter[änneren | Quelltext änneren]

Take Off Science Challenge Show[änneren | Quelltext änneren]

Zanter Januar 2023 ass de Mister Science als wëssenschaftleche Coach an der Take Off Show aktiv, an dat un der Säit vum Lucie Zeches (Biologin a Science Communicator beim FNR) an dem Olivier Catani (Moderator op RTL).

Wëssenschaftsreportage op RTL Radio Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

All zweet Woch e Reportage iwwer wéi vill Fuerschung an eisem Alldag stécht. All Artikelen sinn op der Websäit science.lu ze fannen,

Pisa Wëssensmagazin op RTL Télé Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum Pisa-Wëssensmagazin op RTL mécht de Mister Science en Experiment zum Theema vun der Sendung.

Weider Aktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Fouer Science[änneren | Quelltext änneren]

Op der traditioneller Schueberfouer erkläert de Mister Science unhand vu Comics, déi vum Andy Genen gemoolt goufen, d'Wëssenschaft vun der Fouer an allem wat dozou gehéiert.

Animateur scientifique Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

Pro Joer ginn 3 Formatiouns-Weekender beim Service national de la jeunesse ugebuede fir Jonker vu 17 Joer un. D'Thematike si ganz verschidden a beschäftege sech mat wëssenschaftlechen Animatiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]