Leideleng-Barrière-Märel

Vu Wikipedia
Leideleng-Barrière-Märel
Iwwerreschter vun der Signalisatioun vun der fréierer Barriär.
An anere Sproochen fr: Leudelange-Barrière-Merl
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Leideleng
Buergermeeschter Lou Linster
Koordinaten 49° 35’ 20’’ N
      06° 04’ 22’’ O
Do wou fréier d'Gardshaische stoung, stinn haut eng Antenn an technesch Ekipementer.

Leideleng-Barrière-Märel ass e Lieu-dit an der Gemeng Leideleng a läit op der Kräizung vum CR178 mat der Strooss fir op Märel (rue des Celtes), direkt op der Grenz mat der Gemeng Lëtzebuerg.

En huet am Fong nëmmen aus engem Gardshaische mat anere klenge Gebaier bestanen. Dat stoung nieft der Barriär PN. 7 vun der Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg um Pk 15,341. Nodeems et am August 2008 am Haische gebrannt hat[1], gouf et 2009 ewechgerappt.

Am Kader vum Ausbau vun der Streck Péiteng-Lëtzebuerg ass d'Barriär de 5. November 2012[2] definitiv zougemaach ginn an d'Strooss déi vu Märel kënnt, gouf eng Sakgaass. Et war virgesinn, d'Barriär mat enger Ënnerféierung z'ersetzen, ma wéinst Schwieregkeeten fir déi néideg Terrainen ze kréien[2], gouf 2011 eng Enteegnungsprozedur an d'Weeër geleet. Bis haut (Februar 2018) konnt de Projet awer nach net ëmgesat ginn[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leideleng-Barrière-Märel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Le Schléiwenhaff part en fumée op lessentiel.lu de 7. August 2008 (gekuckt de 24. Februar 2018)
  2. 2,0 2,1 Luxembourg-Pétange - 2 fois plus de voies. 2 fois plus de trains Extrait aus de Gemengebuet 106 vun der Gemeng Leideleng, S. 39 (gekuckt de 6. September 2019 op der Websäit vun der Gemeng)
  3. Cessange: la réhabilitation d'un passage à niveau bloquée par une procédure d'expropriation den 18. Dezember 2017 op lequotidien.lu (gekuckt de 27. Februar 2018)