Op den Inhalt sprangen

Joseph Paquet

Vu Wikipedia
Joseph Paquet
Gebuer 13. August 1804
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. Februar 1858
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Lycéesprofesser, Politiker
Member vun Section historique vum Institut grand-ducal

De Joseph Paquet, gebuer den 13. August 1804 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 4. Februar 1858[1], war e lëtzebuergeschen Historiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Paquet huet op den Universitéite vu Léck, vu Bonn a vu Léiwen studéiert, an op leschtgenannter en Doktorat an der Philosophie gemaach. 1828 gouf hien am Stater Kolléisch Enseignant fir Hollännesch, an dono vun 1830 bis 1848 fir Geschicht a Geografie.[2]

1848 gouf hie Sekretär vum Kinnek fir d’Affäre vum Grand-Duché zu Den Haag, koum awer kuerz drop neees op Lëtzebuerg zeréck op seng Plaz als Geschichtsprof am Athenäum. 1856 gouf en do Professer fir Rhetorik.

Nom A-Kraaft-Triede vum Schoulgesetz vun 1843 gouf hie Schoulinspekter fir de Kanton Lëtzebuerg, a kuerz drop Sekretär vun der Unterréchtskommissioun[3]. Ausserdeem gouf hien Zensor am Athenäum.

De Joseph Paquet war 1845 Grënnungsmember vun der Historescher Sektioun vum Institut grand-ducal.[4]

Vum Juni 1851 bis zu senger Demissioun am Mee 1853 war hien Deputéierten an der Chamber.[5]

Géint Enn vu sengem Liewe war hie gesondheetlech geplot. Hien huet seng Bibliothéik dem Athenäum vermaacht an eng Studie-Bourse gestëft.

Hien ass bekannt dofir, den Auteur vum éischten didaktesche Geschichtsbuch iwwer Lëtzebuerg ze sinn.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Paquet, Joseph: Die Hauptthatsachen der Luxemburger Geschichte, zur Grundlage bei seinem Unterrichte. Luxemburg, 1838.
  • Die Geschichte des Luxemburger Landes: faßlich dargestellt zum Gebrauche der Primärschulen. Luxemburg: J.P. Kuborn, 1842.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en)Joseph Paquet (1804-1858) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com (1804-08-13). Gekuckt de(n) 2023-09-15.
  2. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: "Dr. Jos. Paquet". In: Luxemburger Wort, 1858. 18. Jg. (10.02.1858), S. 1-2. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 17 avril 1844, n° 868, par lequel le sieur Joseph Paquet est nommé aux fonctions de secrétaire de la commission dʼinstruction. In: Verwaltungs- und Verordnungsblatt des Großherzogthums Luxemburg = Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg, p. 287 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  4. Historique op igs-sh.lu (nogekuckt: 2023-09-13)
  5. (de)Joseph Paquet. Der Telegraph. eluxemburgensia.lu (10. Februar 1858). Gekuckt de(n) 2023-09-15.
  6. Johann Engling: Necrologisches Andenken an Herrn Joseph Paquet: Doctor, Professor und Censor am K.G.-H. Athenäum, Ritter der Luxemburgischen Eichenkrone, des Niederlaendischen Loewenordens und des K.P. rothen Adlers. Luxemburg: P. Brück, 1858.