Gare Heeschdref

Vu Wikipedia
Gare Heeschdref
Streck 1
PK 25,530
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Heeschdref
Gemeng Steesel
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 40’ 31’’ N
      6° 08’ 22’’ O
Websäit CFL.lu


D'Gare vun Heeschdref ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Walfer an der Gare Luerenzweiler vun Lëtzebuerger Eisebunn.

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

D'Gare vun Heeschdref gouf eréischt 1993 gebaut, nodeem de Ministère vum Transport an en däitschen Ingenieursbüro dat an engem Strategiepabeier zur Optimiséierung vum Transport iwwer d'Schinn recommandéiert haten.

D'Gare Heeschdref huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Walfer   RB
CFL-Linn 10 
  Luerenzweiler Dikrech

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Heeschdref – Biller, Videoen oder Audiodateien