Op den Inhalt sprangen

Egils Levits

Vu Wikipedia
Egils Levits
Gebuer 30. Juni 1955
Rīga
Nationalitéit Sowjetunioun, Westdäitschland, Lettland
Educatioun Universitéit vun Hamburg
Aktivitéit Riichter, Jurist, Politiker, Affekot

Den Egils Levits, gebuer den 30. Juni 1955 zu Riga, dunn Lettesch SSR, ass e lettescher Politiker, Diplomat, a Jurist. Hie war vum dem 8. Juli 2019 bis de 7. Juli 2023 President vun der Republik Lettland.

Virdru war hie Riichter um Europäesche Geriichtshaff an um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, vun 1993 bis 1994 lettesche Justizminister, a virdrun Ambassadeur vum neien onofängege Lettland an Däitschland an der Schwäiz, a vun 1994 bis 1995 an Éisträich, Ungarn an an der Schwäiz.

2023 huet hien net méi kandidéiert, fir erëmgewielt ze ginn; den Edgars Rinkēvičs gouf zu sengem Nofollger gewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Egils Levits – Biller, Videoen oder Audiodateien