Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Eurovision Song Contest

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bei wéi engem Land zu Gaascht?[Quelltext änneren]

Moien,

All Joers gëtt de Concours vun deem Land organiséiert, dat de Grand Prix am Joer virdru gewonnen hat.

Goufen et do keng Ausnamen? Les Meloures 22:02, 28. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Net froen, änneren ;-). --Zinneke
Wann ech wéisst, wou a wéini wier et schonns geännert, an ech hätt net gefrot. Et ass net meng Manéier fir eppes ze froen wann ech d'Äntwert am viraus weess. Les Meloures 10:27, 29. Mee 2008 (UTC)[äntweren]
Moien, an der Tabell am Artikel steet fir all Joer de Gewënner an d'Land, fir dat e gesongen huet, an déi Zeil drënner, wou de Concours dat Joer drop war. Z
D'Regel léisst Ausnamen zou: "Preparations to host the Contest start a matter of weeks after a country wins, and confirm to the EBU that they intend to—and have the capacity to—host the event." De facto gouf de Concours zënter 1981 awer ëmmer vun deem Land organiséiert, dat de Grand Prix am Joer virdru gewonnen hat, ouni datt wéi an der Ufankszäit eng Ausnam zum spille komm wär. --Otets 13:16, 29. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,

Ech war dommerweis net bis bei d'Tabell kucken. Dat war net gär geschitt. Wéi ech de Saz gelies hat, hunn ech geduecht datt do eppes net géif passen. Ech ënschëllege mech fir den onnëtzen Derangement. Les Meloures 21:51, 29. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Firwat ass Lëtzebuerg net méi derbäi?[Quelltext änneren]

Mee eng aner Fro (wou ech d'Äntwert net sécher weess):

Am Text steet: "Offiziell feelen [[RTL] zënterhier d'Sue fir matzemaachen, mee et ass virun allem esou, datt RTL den Intérêt net begräift, fir bäim gréisste Musekconcours iwwerhaapt matzemaachen." Wéini a wou huet RTL dat matgedeelt? Ass de Grond net éischter, datt RTL als Privatsender net (méi) Member vun der EBU/UER ass (D'Privat-Televisiounen, mat un der Spëtzt deene vum RTL Group, hunn an den 1990er Joeren hiren eegenen Ausstausch-Réseau ENEX opgebaut)? --Zinneke

Datt RTL seet et wier ze déier ginn, dat hunn ech deemools entweder aus engem Télécran oder ech hunn et op RTL Tëlee oder Radio héieren. Mee datt d'Source eng sécher war dat weess ech nach honnertprozenteg. Op der en-wiki fannen ech op alle Fall: "The RTL Group is still an EBU-member under a previous name: CLT Multi Media." --Otets 13:16, 29. Mee 2008 (UTC)[äntweren]