Op den Inhalt sprangen

Canal de la Somme

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Déi lescht Schleis zu Saint-Valery

De Canal de la Somme ass e Schëffskanal an der Regioun Hauts--de-France. De Kanal ass 156,3 km laang[1] an e verbënnt de Canal de St-Quentin zu Saint-Simon an der Aisne mat dem Äermelkanal zu Saint-Valery-sur-Somme an der Somme.

Um Kanal si 25 Schleisen am Freycinet-Gabarit wat der Schëffsklass I entsprécht. D'fräi Héicht ass op 3.50 m limitéiert, an den Déifgang op 1,80 m. Op dem Deel wou de Canal du Nord driwwer féiert goufen déi Schleisen deem sengem Gabarit ugepasst.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sandre Archivéiert de(n) 2014-11-12. Gekuckt de(n) 2012-04-26.