Op den Inhalt sprangen

Bild der Wissenschaft

Vu Wikipedia

D'Bild der Wissenschaft ass eng populärwëssenschaftlech Zäitschrëft, déi all Mount erauskënnt. Si ass 1964 gegrënnt ginn. Verluecht gëtt si bei der Konradin Mediengrupp zu Leinfelden-Echterdingen. Si beschäftegt sech mat den aktuellen Entwécklungen aus Fuerschung an Technik souwéi mam gesellschaftlechen a politesche Kontext.

Grënnungsediteur war de Physiker a Wëssenschaftsjournalist Heinz Haber. Am Ufank koum d'Zäitschrëft an der Deutschen Verlags-Anstalt eraus. Vun 2003 huet d'Konradin Verlagsgrupp d'Zeitung iwwerholl. De Wolfgang Hess ass zanter 1994 Chefredakter.

Bild der Wissenschaft huet eng Oplo vun 114.603 Exemplaren (IVW II/2008).

Theemen[änneren | Quelltext änneren]

Schwéierpunkt vun der bdw sinn d'Naturwëssenschaften. D'Artikele behandelen Theemen aus der Biologie, Medezin, Geowëssenschaften, Astronomie, Raumfaart, Psychologie, Chimie, Physik, Mathematik, benotzerorientéieter Informatik, Technik souwéi Kultur- a Gesellschaftswëssenschaften. Dat geschitt a Form vun ausféierleche Berichter an Nochriichten, Fuerscherprofiller, Reportagen an Interviews, woubäi grousse Wäert op aussokräfteg Billermaterial geluecht gëtt.

D'Zäitschrëft organiséiert an ënnerstëtzt zousätzlech verschidden Initiativen an Aktivitéiten:

Online[änneren | Quelltext änneren]

D'Online-Redaktioun vu Bild der Wissenschaft gëtt ënner www.wissenschaft.de eng dagesaktuell Wëssenschafts-Newsletter eraus.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bild der Wissenschaft. Konradin Medien GmbH, Leinfelden-Echterdingen 1.1965ff.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]