Béischten

Vu Wikipedia
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Béischten
Auteur Jemp Schuster
Erauskomm Oktober 2023
Verlag Kremart Edition
Sprooch Lëtzebuergesch
ISBN-13 978-2-919781-64-5

Béischten ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Jemp Schuster, deen am Oktober 2023 bei Kremart Editions erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

Kromber, en Duerf am Éislek wärend der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich: De Felix Drenger gëtt 1942 zwangsrekrutéiert a kënnt net méi zréck. Hien hannerléisst seng Fra Anni, an d'Milli, hir Duechter, déi nach net gebuer war, wéi en agezu gouf. D'Anni huet et ëmmer méi schwéier am Stot vun der Famill, wou et abestuet gouf. E puer Joer méi spéit, nom Krich, verschwënnt de Leo, e Bouf vun 13 Joer, ouni eng Spuer ze hannerloossen. Verschidde Leit am Duerf schénge méi ze wëssen, wéi se soen...

Den Titel "Béischten" bezitt sech dem Auteur no net just op Véi, ma virun allem och op déi zweebengesch Béischten, verschidde Leit, déi wéinst hirem Behuelen, verdénge sou genannt ze ginn.[1]

Rezensioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Am Lëtzebuerger Land schreift d'Claire Schmartz:

"Roueg erzielt, fokusséiert op d’Haaptfiguren, ass et e gelongene Portrait vun enger bestëmmter Zäit an iwwert den Alldag um Duerf, deem seng Awunner an Awunnerinne virsichteg, awer grëndlech analyséiert ginn."[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bea Kneip: "'Béischten' den neie Roman vum Jemp Schuster."rtl.lu, 31.10.2023.
  2. Claire Schmart: "E psychologesche Portrait vum Liewen an engem Éisleker Duerf." land.lu, 24.05.2024.