Op den Inhalt sprangen

Tanks

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Panzer)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schemateschen Diagramm vun engem Tanks (Abrams)

Een Tanks, oder Panzer, ass e gepanzert Gefier, dat vum Militär oder der Police zu Kampfzwecken agesat gëtt. E Panzer ass motoriséiert, fiert op Gleisketten an huet Waffen u Bord. Ënner Tanks stellt ee sech an der Reegel e gepanzerte Won vir, dee géint de Beschoss protegéiert ass, an en dréibaren Tuerm mat enger Kanoun oder MG huet. Et gëtt allerdéngs Panzerween a verschiddenen Ausféierungen, fir ënnerschiddlech Zwecker.

D'Panzerung besteet aus engem Stolalliage, zum Deel an enger Kombinatioun mat Keramik- a Konschtstoffschichten. Ugedriwwe ginn Tanksen haut meeschtens duerch staark leeschtungsfäeg Dieselmotoren, neierdengs och duerch Gasturbinnen, déi a Verbindung mat engem Kettelafwierk sech ganz gutt fir d'Fortbeweegung am koppegen oder knubbelegem Terrain eegnen.

Typpen[änneren | Quelltext änneren]

Panzergefierer kënnen no verschiddene Gesiichtspunkte kategoriséiert ginn. Gebräichlich sinn den Asazzweck, d'Gewiicht an d'Manéier wéi se ugedriwwe ginn.

Ënnerscheed nom Gewiicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis no dem Zweete Weltkrich hu vill Arméien d'Tanksen no hirem Gewiicht klasséiert:

  • liicht Tanksen,
  • mëttelschwéier Tanksen,
  • schwéier Tanksen.

Well d'Gewiichtsklassen net iwwerall déi selwecht waren, konnt ee mat deene Vergläicher net vill ufänken.

Ënnerscheed nom Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Panzerhaubitz M109

Méi spéit gouf ënnerscheet, woufir d'Tankse gebraucht ginn:

  • Artillerietankse mat schwéiere Kanounen (Mortier oder Haubitzen),
  • schwéier Gefechtstanksen,
  • mobil liicht Tanksen (Ënnerstëtzungspanzer) mat liichter Bewaffnung zur Hëllef vun de Buedemtruppen,
  • Infanterietankse fir den Transport vun Infanteristen,
  • Spähpanzer, dacks op Rieder fir sech séier deplacéieren ze kënnen,
  • Transportpanzer, z. B. fir den Transport vu Bréckendeeler,
  • Amphibientanks, fir Landeoperatiounen,
  • Flaktanksen,
  • Biergungspanzer mat Kran fir beschiedegt Gefierer aus der Front ze transportéieren,
  • Jeeërtanks spezialiséiert op d'Ofschéisse vun aneren Tanksen

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Tanksen am Éischte Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Iwwersiicht iwwer Tankstyppen am Éischte Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Italien[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Groussbritannien[änneren | Quelltext änneren]

Tanksen am Zweete Weltktich[änneren | Quelltext änneren]

Iwwersiicht iwwer d'Tankstyppen am Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Belsch[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Polen[änneren | Quelltext änneren]

Rumänien[änneren | Quelltext änneren]

Tschechoslowakei[änneren | Quelltext änneren]

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Japan[änneren | Quelltext änneren]

USA[änneren | Quelltext änneren]

Sowjetunioun[änneren | Quelltext änneren]

Groussbritannien[änneren | Quelltext änneren]

Iwwersiicht iwwer d'Tankstyppen nom Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Vereenegt Staaten[änneren | Quelltext änneren]

Groussbritannien[änneren | Quelltext änneren]

Sowjetunioun[änneren | Quelltext änneren]

Israel[änneren | Quelltext änneren]

China[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tanks – Biller, Videoen oder Audiodateien